Artikel op Lëtzebuergesch
An e puer Wieder, wat „Solution Informatique“ wollt, wëll an wärt maachen.
-
Eng direkt Ubannung un d' Base de données vum Gescom fir dass Nimm a.s.w vum Demandeur uniform sinn
-
Eng direkt Ubannung un d'Base de données vu Gescom fir eng Synchronisatioun vun de Stroossen
Fir dëst ze erméigleche bräicht just en Web-Service erstallt ze ginn oder op en automatiséierten Export zeréck gegraff ginn!
Wou si mer elo drun?
1996: eng eischt Versioun gouf fäerdeg gestallt fir d'Gemeng Diddeleng. Duerno sinn no an no weider Gemengen (Kayl, Monnerech a Schëffleng) dobäi komm.
Oktober 1997: eng eischt Entrevue mat den Hären G.R. an S.P. vum "Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique" kuerz Sigi op der "Centrale Informatique S.à r.l."
Dräi Woche méi spéit: en Dementi vun de selwechten Häre mat engem Circulaire un ALL Gemengen, dass KENG Kollaboratioun besteet zwëschen der "Centrale Informatique S.à r.l." an dem Sigi. Dovunner war a gouf NI eppes gesot, nach festgehalen. Am selwechte Circulaire huet de Sigi och erklärt, dass se selwer e Programm "Bâticom" hunn, fir eng efficace Gestioun vun den "Demandes d'autorisations" ze maachen.
1998: Kollaboratioun zwëschen "GEOMAP" an der "Centrale Informatique
S.à r.l."
2000: 12 Gemenge schaffe mat eisem Programm. Vill Gemenge waarden op d’Solutioun vum SIGI an et dauert bis Joer 2006, bei der Grënnung vun der "Solution Informatique S.à r.l.", bis eise Logiciel eng Referenz gët an der Gestioun vun de Baugeneemegungen.
2007: Kollaboratioun zwëschen "LUXPLAN" an der "Solution Informatique S.à r.l."
Vun 2007 bis 2011: iwwert 18 Gemengen (dovunner 11, déi de Bâticom vum S.I.G.I. am Asaz haten) hunn sech fir eise Programm entscheed!
Esou konnte mir de Präis vum Programm ganz moderat halen an hunn d'Entwécklung ëmmer weider gedriwwen. Mat Hëllef vun eisen Utilisateure kënne mer eis Fehler séier an efficace verbesseren a jidderee weess, wéi schnell mir reagéiere wann "Support" gebraucht gët!
14. November 2011: eng 2. Entrevue mam S.I.G.I. ënnert der Leedung vum Här D.E. a Présenz vun den Häre S.C. an D.B., wou mir de Programm am Detail gewisen hunn. Mir hunn versprach kritt, dass mir an den nächste Wochen (Joer war jo net gesot ginn) Bescheed gesot géife kréien, ob mir eppes zesumme maachen oder net!
19.Januar 2012: mir hu nach ëmmer keng Nouvellë vum S.I.G.I., ganz am Géigesaz dozou sinn e puer Gemengen op e "Groupe de Travail - Gestion de Construction" invitéiert ginn. Jidderee kann sech elo selwer e Bild iwwert déi ganz Geschicht maachen. Mir hunn elo eng Méiglechkeet fonnt fir déi verschidde Saachen ze synchroniséiere, wat awer sécherlech NET am Sënn ass vun eise Client'en an och net vun eiser Philosophie.
Argumenter vum S.I.G.I. fir eng nei Applikatioun sinn och net ze verstoen. (Wat mir no dem Groupe de Travail gezielt kritt hunn)
-
Et ass keng Web-Applikatioun (Jo dat stëmmt mais mir schaffen drun an déi bestehend Applikatioun fonctionnéiert tip top)
-
Et ass keng richteg Base de Données? Pardon, mee MS ACCESS, MS SQL oder MY-SQL ass dat näischt? (pour Info: Bâticom baut och op ACCESS op)
-
Den Demandeur muss ëmmer nei ageklappt ginn! (Ass net richteg)
-
Stroossen mussen ëmmer ageklappt ginn! (Ass net richteg mir hunn eng Base de données mat all de Stroossen aus dem Land)
-
Ofhängeg vun enger privater Firma an déi kann op eemol Faillite sinn. (OUNI KOMMENTAR)
Info zum Punkt 3 a 4 wann e Web-Service dat géif assuréieren, da bräichte mir net doriwwer ze schwätzen!
Weider Informatiounen
-
E Mail vum 5 Dezember blouf ouni Äntwert, grad esou e Bréif un den Direkter vum S.I.G.I vum 09.02.2008.
-
Centrale Informatique S.à r.l. = Aale Patron vum Yves Jadin / Gérant Technique
-
Bâticom (c) Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique
-
Vill Leit froe beim S.I.G.I. no, firwat se NET mat eis wëlle schaffen!
-
Nimm sin absichtlech net ausgeschriewen.